An der laanger Rei vun den Entrevuen, déi et der ADR erlaben sech e geneet Bild vun der Situatioun am Land ze maachen, ass en Dënschdeg den 20 November 2012 eng Delegatioun vun der Chambre des Métiers am Fraktiounssëtz empfaange ginn. Och bei dëser Reunioun stoungen déi grouss Risiken, déi op Lëtzebuerg duerkommen, wann net decidéiert, couragéiert a séier Decisioune geholl ginn, am Mëttelpunkt. De Michel Brachmond, Direkter adjoint vun der Handwierkerkummer, huet drop higewisen, datt „d’Regierung extrem reformresistent ass“ a kaum op d’Propositioune vun de Beruffskummeren ageet.

Och wa weider nei Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg geschafe ginn, esou mécht dach d’Handwierkerkummer drop opmierksam, datt Lëtzebuerg, wat de PIB ubelaangt, an enger Wuesstemspanne stécht, a mir nach ëmmer net den Niveau vun 2007 erreecht hunn! Dobäi klammen d’Léin weider, an zwar vill méi séier wéi z.B. an Däitschland. Weider klëmmt och de Chômage, den Defizit beim Zentralstaat an de Scholdebierg vun den ëffentleche Finanzen.

„Et ass dringend, d’Verschlechterung vun de Staatsfinanzen z’ënnerbannen“, huet den Norry Dondelinger, Conseiller an der Direktion vun der Chambre des Métiers erkläert. Dobäi ginn awer d’Amendementer zum Staatsbudget, déi vun der Majoritéit virgeschloe ginn, net duer a weisen dobäi och nach an déi falsch Richtung. D’Handwierkerkummer bedauert ënner anerem Moossnamen, déi géint den „Esprit d’entreprise“ ginn; z.B. ginn déi ganz kleng Entreprisen, wéi z.B. eng kléng Retoucheuse, déi als Societéit fonctionnéiert, haart vum Steierminimum vu 500 Euro betraff

D’Chambre des Métiers proposéiert eng ganz Rei konkret Moossname fir d’Staatsfinanzen an den Equiliber ze bréngen, a verlaangt d’Uwennung vum Prinzip „zero budgeting“, e Virschlag deen och vun der Zentralbank iwwerholl gouf. Et soll zur enger linearer Reduktioun vun de Staatsdepensë kommen, an dobäi muss all eenzel Kreditlinn op hir Noutwennegkeet iwwerpréift ginn. Op där anerer Säit muss eng Politik vun der economescher Relance gemeet ginn, ouni nei Depensen, awer iwwer eng Vereinfachung vun de Prozeduren an eng Reduzéierung vun den Delaien.

D’ADR deelt vill vun dëse Reflexiounen a Propositiounen a wäert se och an beim Debat zum Budget 2012 mat a Betruecht zéien, souwäit de sozialen Aspekt net ënner d’Rieder kënnt.

D’Chambre de Métiers war an der Entrevue vertrueden duerch hiren Direkter adjoint Michel Brachmond, an de Conseiller vun der Direktioun Norry Dondelinger. D’Delegatioun vun der ADR war zesummegesat vum Gast Gibéryen, Fraktiounschef, dem Fernand Kartheiser, President vun der Partei, an dem Jacques-Yves Henckes, Deputéierten. Si goufen assistéiert vum Alain Kleeblatt, Attaché parlementaire.