Den 29. Oktober hate Vertrieder vun der ADR eng Entrevue mat enger Delegatioun vun der Chambre de Commerce. Et ass virun allem iwwert de Staatsbudget an iwwert déi besuergniserreegend Entwécklung vun den ëffentleche Finanzen diskutéiert ginn. Déi zwou Säite ware sech eens: d’Reaktioun vun der Regierung op d’Konsequenze vun der Wirtschafts- a Finanzkris léisst ze wënschen iwwreg.

 D’Chambre du Commerce huet vun der Geleeënheet profitéiert, fir hir Recommandatioune virzestellen. Als Reaktioun op de Staatsbudget, dee vun der Regierung proposéiert gouf, schléit si souwuel strukturell ewéi och punktuell Mesurë vir. D’Chambre de Commerce huet och ënnerstrach, datt de Staat iwwert seng Moyene lieft an datt eng Consolidatiounspolitik ëmmer méi noutwenneg gëtt. D’Missioune vum Staat missten am Allgemengen nei definéiert ginn.

D’Stellungnam vun der Chambre de Commerce dréit zu enger Prise de conscience bäi, esou den Deputéierte Fernand Kartheiser, deen un d’Spuerpropositioune vun der ADR erënnert huet. Eng Erhéijung vun der Steierlaascht gehéiert jiddefalls net zu de Prioritéiten; op der Säit vun den Depensë wär nach ze vill Sputt. Wat d’Personalkäschte beim Staat a bei de Gemengen ugeet, dierfte se net méi klammen. Op den Index wëll d’ADR net verzichten.

D’ADR ass der Meenung, datt d’Wirtschafts- a Finanzkris net däerf déi sozial Kohäsioun a Fro stellen. Aus deem Grond bedauert si de Sozialofbau, deen op verschidde Plaze bedriwwe gëtt. D’Acquisen an de Solidaritéitsgedanke mussen der ADR no esou wäit wéi méiglech erhale bleiwen.

D’ADR mécht sech Suergen ëm d’Entwécklung vun den ëffentleche Finanzen a bleift bei hirer Fuerderung, datt d’Progressioun vun den Depensë soll méi niddreg sinn ewéi déi vun de Recetten. Et gëtt Zäit, datt de Staat ufänkt Kapital op d’Scholden zréckzebezuelen. Et kann net sinn, datt Lëtzebuerg mëttlerweil Sue léine geet fir d’Scholden zréckzebezuelen.

D’Delegatioun vun der Chambre de Commerce huet bestanen aus dem Carlo Thelen, Chef-Ekonomist, an dem Marc Wagener, Conseiller. D’ADR war vertrueden duerch de Gast Gibéryen, Fraktiounschef, de Fernand Kartheiser, Nationalpresident an Deputéierten, den Dr. Jean Schoos, Generalsekretär, an d’Liliana Miranda, Attachée parlementaire.

Staatsbudget : d’ADR proposéiert hiren eegenen 10-Punkte-Programm

Net op Käschte vun de Famillje spueren!

Fir dat schwieregt Joer ass d’Regierung selwer verantwortlech!

D’Spuerpropositioune vun der ADR