Eng grouss Delegatioun vun der ALEBA huet den 15. November am Fraktiounssëtz vun der ADR déi economesch Situatioun aus der Siicht vun der Gewerkschaft aus dem Banken- an Assurancësecteur duergeluecht. D’ADR féiert esou seng Serie vun Entrevuë weider fir sech am Dialog ëmfaassend iwwert d’Situatioun vum Land z’informéieren. An engem frëndlechen an oppene Gespréich gouf ënner anerem festgehalen, datt d’Lëtzebuerger Land all Ustrengunge muss ënnerhuelen, och andeems et op seng Rechter op national Souveränitéit besteet, fir d’Zukunft vum Finanzsecteur ofzesécheren. Dobäi mussen awer d’Sozialgesetzgebung an de Lëtzebuerger Modell voll a ganz respektéiert ginn.

A senger Aleedung huet de Marc Glesener, President vun der ALEBA, drop higewisen „datt d’Indicateuren net positiv sinn“ an „datt den aktuelle Positionnement engem ze denke muss ginn“.  D’Zukunft vun der Lëtzebuerg Finanzplaz muss iwwer en neie Positionnement gesicht ginn, dëst fir de Secteur ze stabiliséieren.

Däischter Wolleke schwiewen iwwert der Lëtzebuerger Finanzplaz, a quasi gläichzäiteg mat der Entrevue goufe Spekulatiounen an der Press lancéiert, datt ronn 300 Aarbechtsplazen (vun 2 500) bei der KBL menacéiert sinn. Och an aner Haiser op der Bankeplaz geet zum Deel vu massive Sozialpläng Rieds, an d’Delegation vun ALEBA mécht op d’Konsequenze fir d’Personal opmierksam.

Et wéisst een net, wou et histeiert, dëst och well d’Lëtzebuerger Land an dëse Froen „seng Autonomie zum gréissten Deel verluer huet“. An et ass och d’Salariat, dat d’Konsequenze vun der europäescher Harmonisatioun muss droen. D’ALEBA fuerdert, datt d’Sozialgesetzgebung nees respektéiert gëtt, a regrettéiert, datt et schwéier ass beim Sozialdialog nach de richtegen Interlocuteur ze fannen.

De Secteur vun den Assurancë kënnt zu Lëtzebuerg besser ewech, dëst och well déi zwou traditionell grouss Assurancen an den Hänn vu Lëtzebuerger Famillje leien, déi op eng gesond a laangfristeg Zukunft setzen, an net op kuerzfristeg Beneficer.

De Fernand Kartheiser, President vun der ADR, huet ënner anerem festgehalen, datt d’Finanzkris net als Virwand däerf benotzt gi fir de Sozialofbau weider ze bedreiwen. D’Regierung muss alles ënnerhuelen, fir datt Lëtzebuerg den „Triple A“ behält. De Verloscht vun dësem Rating wär e groussen Nodeel vir de Standuert a ganz besonnesch fir d’Finanzplaz. Lëtzebuerg däerf net dem Diktat vun Europa ënnerleeën, d’Regierung huet d’Flicht d’Interessie vum Land ze verdeedegen.

Dëst gëllt besonnesch fir d’Finanztransaktiounssteier a fir d’Tax op de Finanzaktivitéiten, déi, wann se och fir Lëtzebuerg ageféiert géife ginn, eng iwwerproportional Belaaschtung géifen duerstellen an d’Finanzplaz viru ganz grouss Schwieregkeete géife stellen.

Zesumme gouf festgestallt, datt d’Spekulatioun net mat esou Taxe kann opgehale ginn. Méi sënnvoll wär z.B. de Verbuet vun den „highspeed transactions“.

D’Delegatioun vun der ALEBA war zesummegesat aus dem Marc Glesener (President), dem Christian Hoeltgen, dem Jim Schneider, dem Marc Terzer an dem Fernand Welschbillig. Wéinst enger Chambersëtzung, déi gläichzäiteg ofgelaf ass, konnt vun der Säit vun der ADR nëmmen de President an Deputéierte Fernand Kartheiser derbäi sinn, assistéiert vum Alain Kleeblatt als Attaché parlementaire.