Dësen Artikel ass an der Spezialeditioun vum Pefferkär fir de 25. Jubiläum vun der ADR publizéiert ginn.

D’ADR steet mat hiren europapolitesch Iwwerzeegungen net eleng! Si ass Member vun der AECR, der europäescher Allianz vun de Konservativen a Reformisten. An hir fanne sech och zum Beispill déi britesch Konservativ an déi tschechesch ODS-Partei – also zwou Parteien, déi am Abléck an hirem Land de Premierminister stellen.

An der Prager Declaratioun goufen d‘Prinzipie vun deene Parteien an der Europapolitik festgeluecht. D’ADR an hir europäesch Schwësterparteie bezeechne sech als «eurorealistesch». Si sti fir Oppenheet, Zouverlässegkeet an eng staark Demokratie am Respekt vun der Souveränitéit vun de Natiounen.

Déi konservativ Parteie si fir oppe Mäert, fräien Handel an éierlech Konkurrenz, niddreg Steieren, wéineg Bürokratie a fir Regierungen, déi sech mol nees op hir Käraufgaben konzentréieren. Déi perséinlech Fräiheet an individuell Verantwortung sinn an all Staat onverzichtbar. De Staat ass dem Bierger géintiwwer ëmmer Rechenschaft schëlleg. D’Famill ass d’Kärzell vun der Gesellschaft. De souveränen Nationalstaat muss respektéiert ginn, et däerf keen europäesche Federalismus ginn an de Subsidiaritéitsprinzip muss voll respektéiert ginn. D’Sécherheet vun Europa gesäit d‘AECR am Kontext vun der NATO, also net lassgeléist vun der Sécherheet vun eisen transatlantesche Partner. D’AECR an d’ADR wëllen eng kontrolléiert Immigratioun an en Enn vum Mëssbrauch vun den Asylprozeduren. Mir wëlle manner europäesch Bürokratie, méi Transparenz an Europa an e besseren Ëmgang mat de Sue vun den europäesche Steierbezueler.

A virun allem wëllen d’AECR an d’ADR Respekt a Gerechtegkeet fir all Memberstaat, ob grouss oder kleng, ob et en neien oder scho méi ale Member ass.

Den éischte Sommet vun den europäesche konservative Parteie wor den 18. Oktober 2012 zu Bréissel. D’ADR wor duerch hire President, de Fernand Kartheiser, an hire Generalsekretär, de Jean Schoos, vertrueden. Et wor eng Geleeënheet fi r en intensive Gedankenaustausch mat aneren europäesche Politiker ze féieren.