Buergermeeschter vun der drëttgréisster Gemeng am Land, Fraktiounspresident an der Chamber a Parteipresident: Kann eng Persoun eleng dës dräi Mandater seriéis ausfëllen?

D‘ADR Déifferdéng fuerdert de Claude Meisch op, op eent vun sénge politesche Mandater ze verzichten. Souwuel d‘Mandat als Deputéierten/Fraktiounspresident an der Chamber wéi de Posten als Buergermeeschter vun Déifferdéng si Vollzäitplazen, besonnesch wann een dës wichteg politesch Mandater eescht hëllt. Och eng Partei ze féiere bedéngt e permanenten Asaz.

Bekanntlech huet d’DP sech fir de Verbuet vum Mandate-Cumul ausgeschwat. Wann de Claude Meisch elo net bereet ass, op ee vun deenen zwee Posten ze verzichten, da beweist en domatt als DP-President, datt d’Zoustëmmung vun der DP fir d’Ofschafe vum Cumul just waarm Loft a renge Populismus war.

D’ADR Déifferdéng erwaart eng konsequent Decisioun vum „député-maire“ Claude Meisch, bei däer d’Interessie vun onser Gemeng net ënnert d’Rieder kommen.

Sektioun Déifferdeng: Pressematdeeleng vum 16. November 2011