CSV-Europamotioun: Warnung viru Chantage a kulturelle Mëssverständnisser

Lëtzebuerg an Europa

De Fernand Kartheiser huet sech ganz negativ zu enger EU-Motioun vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar geäussert. Et geet dobäi em de Solidaritéitsgedanken an der Flüchtlingspolitik. Et ass virun allem eng Kritik gewiescht un der Haltung vun haaptsächlech den osteuropäesche Staaten an dëser Fro. De Fernand Kartheiser huet gewarnt, dës Länner wëlle mat engem finanzielle Chantage op Trab ze bréngen. Och hätte Begrëffer wéi Solidaritéit an de Länner, déi laang hannert dem Eiserne Rido waren, eng ganz besonnesch emotional Bedeitung, déi ee sollt berücksichtegen. D’Rechtsstaatlechkeet soll ee sécheren, wann hire Broch mat Sécherheet festgestallt gouf, awer net mat de Moyenen vum Chantage an ouni Rücksicht op Partnerlänner.

Deel dëse Post: