“COVID-Wonner” am ëffentlechen Transport?

A kaum engem gesellschaftleche Beräich gouf am Kader vun de COVID-Repressiounen déi lescht zwee Joer ee Steen op deem anere gelooss. Grouss Ausnam: den ëffentlechen Transport. Grad hei ass awer dovun auszegoen, datt dee sougenannte Geste-Barrière vun der physescher Distanz vun zwee Meter zu de Stousszäiten an och an anere Situatiounen, wéi zum Beispill wa vill Leit matenee erausklammen, net kann agehale ginn. Trotzdeem huet ee grad an dësem fir d’Regierung sou immanente Beräich, komescherweis ni vu nennenswäerte COVID-Ustiechungen héieren. Wéi erkläert d’Regierung ausgerechent hei déi extrem niddreg Inzidenz a wéi eng Conclusioun zitt se doraus am Hibléck op déi sougenannt Schutzmoossnamen an anere Beräicher?

Deel dëse Post: