Covid-Doudeger: Wat ass d’Grondlag fir d’Zielung?

Fir kënnen anzeschätzen, wéi schro de Covid-19-Virus an déi dorop baséierend Covid-Kris ass, spillt d’Gravitéit vum Virus an domat och d’Unzuel u Leit, déi duerch dëse Virus stierwen, eng grouss Roll, fir net ze soen d’Haaptroll. Vun dohier ass d’Fro vun de Covid-Doudegen – a wéi dës gezielt ginn – immens wichteg a grad elo ganz aktuell a vill diskutéiert.

Aus deem Grond, riicht den Deputéierte Jeff Engelen eng dréngend parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister, fir gewuer ze ginn, ob Lëtzebuerg beim Ziele vun de Covid-Doudegen tatsächlech no enger obligéierender internationaler Konventioun handelt oder ob hei no enger recommandéierter an domat fakultativer Richtlinn op europäeschem Niveau gehandhaabt gëtt.

De Chamberpresident schéngt dës Fro awer fir net drénglech a wichteg genuch ze halen an huet d’Drénglechkeet vun dëser parlamentarescher Fro net unerkannt. Dat ass schued, Här Chamberpresident! Domat dierft d’Regierung dann e ganze Mount Zäit hunn, fir op dës wichteg Fro, déi séier beäntwert wier, ze reagéieren.

Wéi d’Äntwert awer elo weist, schéngt d’Regierung net un enger logescher a novollzéibarer Zielung vun den Doudesfäll intresséiert ze sinn.

 

Deel dëse Post: