Coronaimpfung: Nei Thrombose-Fäll bei Johnson&Johnson!

Bei den Impfungen géint de Coronavirus sinn nees Fäll mat schwéieren Thrombosen registréiert ginn. Nom Impfstoff Astra Zeneca sinn elo an den USA och eng Rei där Thrombose-Fäll nom Sprëtze vum Vaccin Johnson&Johnson opgetratt. Offiziellen Informatiounen no ass eng Fra dorunner gestuerwen. D’US-Gesondheetsautoritéite fuerderen elo e provisoresche Stopp vun dem Impfstoff an alle Bundesstaaten. Och zu Lëtzebuerg gëtt mam Johnson&Johnson-Vaccin geimpft.

 

Deel dëse Post: