[BEÄNTWERT] Contrôles effectués par une société privée à l’aéroport de Luxembourg

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen an un den Här Minister vun der Fonction publique weiderzeleeden.

Um Findel kontrolléiere Membere vu private Sécherheetsfirmen eng Rei vu vereedegte Beamte vu verschiddenen Administratiounen. Dat stellt natierlech eng Rei vu Froen, och wat d’Vertraue vum Staat a seng eege Beamten ugeet. 

Dowéinst wéilt ech dem Här Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen an dem Här Minister vun der Fonction publique dës Froe stellen:

  1. A wiem sengem Optrag  schaffen déi privat Sécherheetsfirmen, déi um Findel d’Personal kontrolléieren? Wat ass déi legal Basis dofir a wéi eng genee Rechter a Flichten hunn déi Leit? Wéi vill kaschten déi Kontrollen am Joer? Gouf et eng Soumission publique a, wa jo, fir wéi een Zäitraum gouf wéi en Optrag verginn ?
  2. Ass et an den Ae vun der Regierung korrekt, datt vereedegt Beamten net vun anere Beamten, mä duerch Membere vun enger privater Firma kontrolléiert ginn? Ginn déi statutaresch Rechter vun de Beamten net doduerch verletzt?
  3. Ass et an den Ae vun der Regierung korrekt, datt dat privat Personal, dat um Findel d’Kontrolle mécht, dacks nëmme Franséisch kann? Goufe Kenntnisser am Lëtzebuergeschen an an anere Sproochen net am Cahier des charges vun der Ausschreiwung gefuerdert? Wann neen, firwat gouf eis Nationalsprooch net berücksichtegt?
  4. Wéi eng legal Basis gëtt et fir déi fouilles corporelles, déi do gemaach ginn? Wéi eng Critèrë musse bei Kierperduerchsichunge respektéiert ginn?

 

Deel dëse Post: