Contact Tracing ouni Internet-Zougank

Leit, déi positiv op Covid-19 geadr goufen, sief et duerch een Antigen-Schnelladr oder een zertifiéierte PCR-Test, sinn dru gehalen, hiert Resultat op https://covidtracing.public.lu/ ze mellen. Et ass awer sou, datt et hei am Land vill, besonnesch eeler Leit gëtt, déi keen Internetzougank hunn an och keng Persoun kennen, déi fir si d’Informatioun op deem genannte Site kéint androen. Verkomplizéiert gëtt d’Situatioun vun dëse Leit dann oft doduerch, datt si telefonesch net bei der Santé duerchkommen, och wa si dat puermol versichen an dobäi laang waarden, an der Hoffnung, datt d’Linn fräi gëtt. Verschidde Leit ginn et dann op, hiert positiivt Testresultat den Autoritéite matzedeelen. Wéi sollen déi Leit an där beschriwwener Situatioun reagéieren?

Deel dëse Post: