Den 8.Juli 2014, haten d’ADR Fraen eng ausseruerdentlech Generalversammlung. D’läscht Joer woar entscheed ginn, d’Versammlunge fir ee puer Méint anzestellen, fir ee maximum un energie kënnen an d’Neiwahlen an duerno an d’Europwahlen ze stiechen. Doduerch koum et, datt de Rendez-vous fir d’Generalversammlung no hanne verluecht ginn ass.

Deen neie Komitee stellt sech folgendermoossen zesummen:

 

Presidentin: Joëlle Giannotte Ostertag

Vize-Presidentinnen: Monique Thein Weber a Sandra Bouchard Kaspar

Sekretärin: Suzanne Kohl

Keesjee: Sandra Bouchard Kaspar

Membere vum Komitee:

Elisabeth Frisch

Malou Prott

Mariette Roth

Goulnora Soultanova

 

Den neie Komitee huet décidéiert keng eege Stautten, mä ewéi verschidden Artikelen et virgesinn, d’Parteistatutten ze iwwerhuelen. Dës assuréieren ee strukturéierten Oflaf.

Politesch gesinn wäerten d’Frae genau ewéi d’ADRenalin, sech och zu Wuert mellen wann et ëm Theme geet, déi d’Fraen, Mammen oder soss “weiblech” Aspkter erfuerderen. De Komitee wëll awer haptsächlech déi méi sozial Oder an der Partei fuerderen.

Als éischt Aktivitéit stinn d’Visitë vum palais am Summer an d’Chamber am Hierscht um Programm. Dofir ass och nach eng Versammlung virun der grousser Vakanz geplangt.

Déi nei Ekipp freet sech mat enger ganzer Rëtsch Iddien a vill Enthusiasmus un d’Aarbecht ze goen.