Dëse WE gëtt den Europadag gefeiert.  Dës Deeg am Mee markéieren net nëmmen d’Victoire vun den Alliéierten am Zweete Weltkrich mee speziell den 9. Mee ass och den Dag vun der Schuman-Deklaratioun, déi an der Reconciliatioun nom Krich esou eng wichteg Roll gespillt huet. Zu Lëtzebuerg ass den Dag zu engem offizielle Feierdag gemaach ginn, wat eng bestëmmte Politik zu Gonschte vun engem europäesche Federalstaat soll promouvéieren.

Och fir d’ADR Fraen ass Europa e wichtegt Uleies. Mir wëllen en Europa vun de Wäerter, dat sech och zu senge reliéise Wuerzele bekennt.

An dem Sënn sinn d’ADR-Fraen si fir e mobile Feierdag an net fir e feste Feierdag, den op de 9. Mee fixéiert ass. Esou kéinten d’Leit zum Beispill wielen, ob si net léiwer wéilten um Péngschtdënschdeg fräi hunn fir kënnen op d’Sprangprëssessioun ze goen an domat dës wichteg reliéis Traditioun,   déi och e Weltkulturierwe vun der UNESCO ass, ze éieren an ze fleegen.

Als ADR – Fraen sti mir net fir en europäesche Federalstaat mee fir en Europa vun de Natiounen an dem d’Länner hir Identitéit, hir Kultur a Souveränitéit kënne behalen.    

Mir wëllen en Europa an dem all europäesch Staate respektéiert ginn an als Partner gëllen, och Russland.

Mir wëllen en Europa an dem déi europäesch Institutiounen am Déngscht vun de Memberstaate stinn an net ëmgekéiert!

An dem Sënn, wënschen d’ADR-Fraen Iech e schéine Feierdag!

Matgedeelt vun den ADR Fraen

8.5.2020