[BEÄNTWERT] Commissariat aux assurances

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister weiderzeleeden.

Den 20. Dezember vum viregte Joer huet de „Conseil de la concurrence“ mat der Decisioun 2012-Fo-08 enger Rei Assurancen eng Strof operluecht wéint illegaler Ofsprooch  bei den Autosassurancen, méi präzis iwwert d’Ausleeung vum Bonus-Malus System.

Aus der Decisioun gëtt ervir, datt d’Associatioun vun den Assureuren ACA unerkennt, datt de Commissariat aux assurances d’Assureuren am Konflikt mat der UCL ënnerstëtz, a weider geet an dem Text vun enger „certaine connivence“ tëschent ACA a Commissariat aux assurances riets.

An dësem Kontext géif ech dem Finanzminister dës Froe stellen:

1) Ass dem Minister d’Decisioun vun dem Conseil de la concurrence bekannt?

2) Wat war d’Reaktioun vum Finanzminister op dës Decisioun?

3) Kann de Minister confirméieren, datt déi enk Relatioun (certaine connivence) tëschent den Assureuren an hirer Associatioun engersäits, an dem Commissariat aux assurances anerersäits, besteet?

4) Wat wëllt de Minister ënnerhuelen, fir d’Onofhängegkeet vum Commissariat aux assurances vis-à-vis vun den Entreprisen aus dem Secteur ze garantéieren?

5) Misst de Minister net dofir suergen, datt de Commissariat aux assurances d’Neutralitéit tëschent den d’Interessie vun de Konsumenten an de Bedierfnesser vu gesécherten Assurance garantéiert?

Mat déiwem Respekt,

Gast Gibéryen

Député

Réponse écrite de Monsieur Luc Frieden, Ministre des Finances

Deel dëse Post: