“Coding” als neit Unterrechtsfach

De coding gouf am September 2020 am 4. Zyklus vum Enseignement fondamental agefouert. Fir d’Rentrée am September dëst Joer gëtt dat neit Fach op déi aner Zykle vum Fondamental ausgedeent. Dat ass u sech jo keng schlecht Saach. De Problem ass: Wann een neit Fach an der Schoul agefouert gëtt, da geet dat zwangsleefeg op Käschte vun engem anere Fach, well d’Unterrechtsstonne jo begrenzt sinn. Wat fir ee Fach ass an dësem Fall betraff?

Deel dëse Post: