“Chrëschtdag net stierwe loossen”: LSAP gefällt den Titel net!

Fir dat schéinste Familljefest an eent vun de wichtegste chrëschtlechte Fester kënnt d’Regierung mat enger Verlängerung vun den drakonesche Covid-Moossnamen, déi hir bis elo net genuch Wierkung weisen. D’ADR streit der Regierung d’Recht of, sech an d’Privatliewe mat Restriktiounen anzemëschen. Dat schéint der LSAP, déi zënter Jore fir de Gesondheetsecteur verantwortlech ass a gespuert huet, wou si kann, besonnesch bei Betten an Noutbetten, guer net ze gefalen. Hire President attackéiert eis Partei op Facebook an RTL gräift déi Story op. Well d’Journalisten awer dem ADR-Fraktiounschef Fernand Kartheiser Geleeënheet ginn fir ze reagéieren, zerpléckt deen d’Schäinhellegkeet vun de Sozialisten. Proppere Selbstgoal, Här Cruchten.

Eis Partei kritiséiert awer och d’Moossnamen, déi d’Regierung am ëffentleche Raum hëlt, besonnesch déi selektiv Geschäftsverbuetter fir den Horesca-Secteur, dee wëssenschaftlech net ze justifizéiren ass.

Duerfir hat d’ADR sech an engem Pressekommunikee agesat, datt d’Leit d’Chrëschttraditioun an hire Glaaf fräi kënne liewen. Dozou gehéiert och d’Méiglechkeet, fir Chrëschtdag mat enger ëffentlecher Mass an enger Kierch ze feieren. D’Iddi ass fir Hellegowend d’Ausgangsspär opzehiewen.

Deel dëse Post: