Chômage: wéi vill Prestatioune ginn exportéiert?

En europäescht Reglement vun 2004 gesäit vir, datt d’Prestatioune fir de Chômage an deem Land ausbezuelt ginn, wou de Chômeur säi Wunnsëtz huet. D’ADEM awer muss zanter hier en Deel vun deem Chômage iwwerhuelen, an der Reegel dräi Méint, an dës Beträg an d’Länner iwwerweisen, wou de Chômeur säi Wunnsëtz huet.

An enger éischter parlamentarescher Fro wëll den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen wëssen, wéi vill Suen esou an d’Ausland iwwerwise gi sinn.

Dëst europäescht Reglement gëtt am Ament zu Bréissel verhandelt, an deem Sënn, datt nach vill gréisser Käschten op Lëtzebuerg duerkomme kéinten. Konkret géif et dorëms goen, datt de Chômage neierdéngs do ausbezuelt misst ginn, wou de Chômeur fir d’lescht geschafft huet. Lëtzebuerg misst deemno de Chômage vun de Frontalieren integral iwwerhuelen, no de Reegelen déi fir Lëtzebuerg gëllen. Dëst hätt riseg Repercussiounen op Lëtzebuerg, wou aktuell méi wéi 185.000 Frontaliere beschäftegt sinn.

De Gast Gibéryen huet dowéinst eng zweet Fro gestallt, wou et ënner anerem em d’Haltung vun der Lëtzebuerger Regierung an deem Dossier geet.

Deel dëse Post: