[Chamber-Videoen] Den Däiwel am Detail … an am ganz Groussen

D’ADR-Deputéierten haten zwee wichteg Rendez-vous an der leschter Chamberswoch a se hu se net verpasst. De Fernand Kartheiser huet e Mëttwoch, den 18. Mäerz, zu engem Accord geschwat, dee sech niewt ähnlechen Texter, déi sech op Moldawien a Georgien bezunn hunn, ganz harmlos gemaach huet. Mä den europäesche Kooperatiounsaccord mat der Ukraine ass et, deen Europa engem ganz grousse Krich esou no bruet huet wéi scho 75 Joer net méi.

Zweete wichtegen Rendez-vous war en Debat fir sech ze beroden iwwer d’Fro “Lëtzebuerg zesummen entwécklen”. Hei huet de Gast Gibéryen geschwaat, an hien huet kee Blad virun de Mond geholl. Wéi soll een e Plang fir d’reimlech Entwécklung vum Land maachen, wann ee selwer net weess, wou d’Land soll histeieren. Ier ee kinnt esou Pläng maachen, misst ee sech Gedanke maachen, wéi Lëtzebuerg sech an de leschten 30 Joer – an Zäite vum Iwwerfloss – entwéckelt huet a wat dat dem Land haut bréngt.

Deel dëse Post: