Chamber: Nee zu Studieboursë vun der Mediocritéit (VIDEO)

En Donneschdeg, den 10. Juli 2014 huet de Roy Reding der Gambia-Koalitioun eng Datz ausgedeelt, dëst bei der Reforme vun de Bourse fir d’Studenten (PL 6670). „Wéi soll esou Gesetz fir Bäihëllefen ideal ausgesinn ?“, huet den ADR-Deputéierte gefrot. De Projet vum Minister Claude Meisch ka weder de Studenten nach der ADR op dës Fro eng zefriddestellend Äntwert ginn.

De Roy Reding huet bedauert, datt den europäesche Geriichtshaff sech an dës Fro agemëscht huet, dëst obwuel d’EU keng Kompetenzen an Saachen Héichschoulen huet. Den System Biltgen war wuel en Ideal, mä et war alles an allem e gudde System: „Europa huet ons dëst generéist System futti gemaach“.

Dobäi schaaft den neie Projet eng nei „usine a gaz“ a en neie Pabeierkrich fir d’Studenten an hir Elteren. Doduerch, datt de Montant fir d’Inscriptiounsfraise staark begrenzt ass, ass et och e Projet dee Mëttelméissegkeet ënnerstëtzt an net d’Excellenz, wou Lëtzebuerg jo awer op ganz héich qualifizéiert Leit ugewisen ass. „Dëse Projet ass e klore Réckschrëtt“, hält de Roy Reding fest. D’ADR huet géint d’Gesetz gestëmmt.

Deel dëse Post: