Chamber-Hearing iwwer UN-Migratiounspakt de 6. Dezember

Den technesche Grupp ADR a Pirate huet en Hearing an der Chamber iwwert den UN-Migratiounspakt gefuerdert. Deen Hearing ass elo op de 6. Dezember, 9 Auer mueres festgesat a gëtt och op Chamber TV iwwerdroen. Sënn vun der Ufro war jo, datt dee brisanten Thema sollt zu Lëtzebuerg diskutéiert ginn, ier zu Marrakesch den 10 an 11. Dezember eng Decisioun op Regierungsniveau fällt. D’ADR huet sech jo schonn op enger Pressekonferenz géint dee Vertrag ausgeschwat, deen vill Onkloerheeten huet an och munch Aspekter vun der Migratioun ausser Uecht léisst. 

En technesche Grupp huet d’Recht esou en Hearing ze verlaangen. Dat ass nämlech e flott a praktescht Instrument fir gutt parlamentaresch Aarbecht ze maachen. A gudd Oppositiounsaarbecht ass verschiddene Parteien en Dar am Aa.

Beispiller fir weider Méiglechkeeten, déi en technesche Grupp bitt, gefälleg?

ADR a Piraten sinn fir déi nächst Legislaturperiod an der Geheimdéngschtkommissioun vertrueden. Déi war jo 2013 den Ufank vum Enn vum Jean-Claude Juncker senger Zäit als Premier. Éischte Vertrieder vum technesche Grupp an dëser wichteger Kommissioun soll de Fernand Kartheiser ginn, an zwar fir 40 Méint, ier d’Piraten déi lescht 20 Méint iwwerhuelen.

Iwwer d’Presidentekonferenz, wou den technesche Grupp vollwäerteg vertrueden ass, léisst sech och Afloss op den Ordre du Jour huelen. Esou ënnerstëtzt de Grupp ADR – Piraten de Wonsch vun der CSV fir en dréngenden Hearing an der Presidentekonferenz mam Wirtschaftsminister Étienne Schneider. Et soll iwwert Planetary Resources, Join a Fage goen – Dossiere vun Entreprisen, wou d’Regierung guer net gutt do steet.

 

 

Deel dëse Post: