CGDIS: Wou bleift de Respekt virun de Benevollen?

Déi vill Benevolle vum CGDIS maachen Dag fir Dag eng wäertvoll Aarbecht am Déngscht vum Land. Persounen, déi awer e BMI (Body-Mass-Index) iwwert 40 hunn, ginn am Pompjeesdéngscht fir sechs Méint komplett gespaart. Och an de soziale Medie gouf et rezent vill Opreegung ëm dës Dispositioun. Datt eng iwwergewiichteg Persoun eventuell net tauglech ass, sech beschtméiglech un engem Asaz ze bedeelegen, ass ze verstoen. Wat sech par konter net erschléisst, ass, datt dës Persoun och vun alle weideren Aktivitéiten, ewéi z.B. Weiderbildungen, Übungsasätz, Waardungsaarbechten un den Déngschtween etc. ausgeschloss gëtt. Och däerf sech dës Persoun dann net méi als Jugendleeder oder „Pompjee de support“ engagéieren. Vill Leit engagéieren sech duerno guer net méi am CGDIS a si frustréiert an d’Jugendaarbecht bleift op der Streck. An enger parlamentarescher Fro mécht den ADR-Nord-Deputéierten Drock op d’Regierung, fir dës onsënneg Dispositiounen endlech ofzeschafen.

Deel dëse Post: