CFL mellt Problemer mat Migranten an Asyldemandeuren

D‘CFL huet sech un hiert Personal, méi spezifesch un d‘Begleetpersonal aus den Zich, geriicht, wéinst enger Erhéijung vu Migrante an Asyldemandeure déi ouni gëlteg Billjeeën an oft ouni gëlteg Identitéitspabéieren an den Zich ze fanne wären.

D‘Schaffner goufen opgeruff, Rapporten ze maachen wann, Onreegelméissegkeete festgestallt ginn. D‘Zuchpersonal sollt d‘Police iwwer den 113 ruffen, wa si eng gréisser Zuel vun esou Reesender trëfft.

An deem Kontext huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser dem Transport- an dem Policeminister eng Rei Fro gestallt.

Deel dëse Post: