CETA an d’Muecht vun de Nationalstaaten

Am Kader vun der Debatt vum 28. Februar iwwert en EU-Accord mat Afghanistan mécht de Fernand Kartheiser eng grouss Klamer op, wat d’Diskussioun ëm den CETA betrëfft, déi sech a leschter Zäit am Sand verlaf huet. Den ADR-Deputéierte gëtt d’Gefill net lass, datt d’Nationalstaaten vu Säite vun der europäescher Unioun an hirer Muecht beschnidde ginn, wa mat politeschem Widderstand ze rechnen ass. Op erneit Nofro vum Fernand Kartheiser wëll de Chamberpresident awer léiwer d’Diskussioun ofbriechen…

 

Deel dëse Post: