CETA-Accord: Regierung soll Faarf bekennen!

Dat europäescht-kanadescht Handelsofkommes CETA ass bekanntlech scho provisoresch a Kraaft. Déi däitsch Bundesregierung déi de Moment d’EU-Rotspresidentschaft assuréiert, huet rezent matgedeelt datt si, trotz dem zyprioteschen Nee, net bereet ass fir den Accord nozeverhandelen.D’Regierung op Zypern hat awer no der Ofstëmmung am Parlament ugekënnegt fir noverhandelen ze wëllen. Bis elo hunn eréischt eng 15 EU-Länner de CETA-Accord ratifizéiert, dorënner och Lëtzebuerg. Bei eisem däitschen Noper, zum Beispill, ass dee Prozess nach net ofgeschloss, well nach op en Urteel vum Bundesverfassungsgeriicht gewaart gëtt. An Däitschland an och an anere Länner wéi Frankräich,Italien an och Lëtzebuerg gëtt et gesellschaftleche Widderstand géint d’CETA-Ofkommes. Stellt sech dofir d’Fro, ob d’Regierung der Meenung ass, datt de CETA-Accord, wéinst dem zyprioteschen Nee, noverhandelt muss ginn. Deer Meenung ass op alle Fall d’ADR, déi sech an der Vergaangenheet ëmmer géint de CETA-Accord ausgeschwat huet.   

Deel dëse Post: