“Catcalling” zu Lëtzebuerg

Säit 2017 ginn ënnert dem Hashtag MeToo weltwäit sexuell Iwwergrëff op Fraen ugeprangert. Dës Debatt huet mëttlerweil och zu Lëtzebuerg eng gewësse Resonanz kritt. Fir déi eng ass MeToo eng positiv Entwécklung, vill Leit kritiséieren awer, datt ënner deem Stéchwuert strofrechtlech Handlunge wéi Vergewaltegung mat verbalen Entgleisungen oder anere méi liichte Forme vun enger eventueller sexueller Belästegung gläichgesat ginn. Datt fraerechtlech Revendicatiounen a leschter Zäit op d’mannst u verbaler Radikaliséirung a Virulenz gewonnen hunn, dat bezeien Aussoe  wéi „Kee Gott, kee Staat, kee Patriarchat!‟, déi op ëffentleche Plazen ze liese sinn, mee och z.B. den Instagram-Account @catcallsofluxembourg, wou all Dag zu enger Penaliséirung vum sougenannte „Catcalling‟ opgeruff gëtt. Besteet bei dësen zwee Phenomener – MeToo a Catcalling – awer net d’Gefor, datt d’Männer iergendwann ënner Generalverdacht gestallt ginn?

Deel dëse Post: