Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Premierminister weiderzeleeden.

Virun der Walcampagne am Joer 2009 hu verschidde Ministèrë massiv Informatiounsspoten op der Televisioun, an der geschriwwener Press an um Radio verbreet. Obwuel et wichteg ass d’Bevëlkerung iwwert wichteg Informatiounen um Lafenden ze halen, kéint en Amalgam tëscht dëse Campagnen an dem Walkampf entstoen. D’Informatiounsspote vun de Ministèrë kéinten als Ënnerstëtzung fir d’Regierungsparteie verstane ginn, an dat op d’Käschte vum Steierbezueler a laanscht déi normal Regelen iwwer d’Parteien- oder d’Walkampffinanzéierung.

An deem Kontext géing ech gär dem Här Premierminister dës Froe stellen:

  1. Wär den Här Premierminister bereet fir Regelen auszeschaffen, esou datt d’Informatiounscampagnë virun de Walen op e strikte Minimum reduzéiert wieren, dat heescht op reng faktuell an onpolitesch Informatioune mat engem direkten Notze fir all Bierger?  Wär den Här Staatsminister zum Beispill d’accord, fir datt d’Regierung aus deontologesche Grënn dräi Méint virun de Chamberwalen op Informatiounscampagnë verzicht, mat Ausnam vun dréngenden, reng faktuellen an onpoliteschen Informatiounen? 
  2. Ass de Premierminister net och der Meenung, datt bei esou Informatiounscampagnen virun de Walen, den Numm an de Portrait vu Ministeren näischt zum Contenu vun der Informatioun bäidroen a kéinten ewechgelooss ginn?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse du Premier Ministre, Ministre d’Etat à question N°2268 de Monsieur Fernand Kartheiser concernant Campagnes d’informations des ministères avant des élections

Op d’Froen betreffend den Informatiounscampagne vun der Regierung an der Period virun de Chamberswahle kann ech dem Här Deputéierte matdeelen, datt sech déi ugeschwate Campagnen, esou wéi déi Informatiounscampagnen déi ausserhaliew vun der Virwahlperiod publizéiert ginn, op d’Matdeele vu faktuellen Informatioune beschränke waerten.

An deenen dréi Méint virun de Chamberswahlen waert d’Regierung hir Informatiounscampagnen op déi Matdeelunge limitéieren, déi een dréngende Charakter opweisen. Och wäert d’Regierung an deenen Informatiounscampagnen, déi an der Virwahlperiod gemaach ginn, ob Portraiten a Fotoe vun de Ministère verzichten.