Burka: D’Chamber net de Minister decidéiert

Laang virun der Flüchtlingskris hat d’ADR e Gesetzvirschlag an der Chamber deponéiert, fir d’Ganzkierper-Verhüllung hei am Land generell ze verbidden. D’Majoritéit an d’CSV maachen awer grad, ewéi wann et déi “Proposition de loi” net géing ginn a si gëtt och an der juristescher Kommissioun vun der Chamber blockéiert, obwuel de Staatsrot schonn en Avis ofginn huet. Elo huet de Justizminister den Hären Deputéierte Mosar a Roth op eng parlamentaresch Fro geäntwert, d’Regierung wéilt an därer Saach näischt ënnerhuelen. D’ADR erënnert an engem Presskomunikee drunn, dat et net d’Regierung ass, déi iwwer Gesetzer decidéiert, mä d’Chamber. Si geet och nach eng Kéier op d’Geschicht a vum Fernand Kartheiser sengem Gesetzesvirschlag, deen am Summer d’lescht Joer, also laang virun der Flüchtlingskris entstan ass.

Deel dëse Post: