Bürokratesch Hürde fir ukrainescht Léierpersonal

An deene leschte Woche si vum Schoulministère grouss Ustrengungen ënnerholl ginn, fir ukrainesch Flüchtlingskanner ze scolariséieren. Dobäi goufen och keng Beméiunge gescheit, fir ukrainescht Léierpersonal ze rekrutéieren. Leider goufen an deem Zesummenhank bedenklech bürokratesch Prozeduren applizéiert. Déi ukrainesch Pedagoge goufe virun administrativ Hürde gestallt, déi am Hibléck op d’Erausfuerderung, déi et ze stemme gëllt, nämlech d’Scolarisatioun vun honnerte vu Flüchtlingskanner, kaum novollzéibar sinn.

D’Léierpersonal aus der Ukrain huet missen eng Hellewull vun Dokumenter ënnerschreiwen, déi all op Franséisch verfaasst waren, eng Sprooch, déi vun deene mannste Ukrainer verstane gëtt. Doriwwer eraus gouf dat ukrainescht Léierpersonal ugehalen, all hir Diplomer iwwersetzen, homologéieren a registréieren ze loossen, wat pro Dokument méi wéi 250 Euro kascht. Dobäi kënnt, datt am Lëtzebuerger Schoulsystem deen éischte Salaire réischt no dräi Méint ausbezuelt gëtt, wat dat ukrainescht Léierpersonal virun zousätzlech finanziell Problemer stellt. Wéi steet de Schoulminister zu dëse Prozeduren?

 

Deel dëse Post: