An deenen nächste Woche soll sech den Europäesche Rot op e Budget fir d’Joren 2014 bis 2020 eenegen, deen duerno muss vum Europaparlement ugeholl ginn. De britesche Premier David Cameron huet schonns ugekënnegt, datt e bereet wier säi Veto anzeleeën, falls de Budget géing erhéicht ginn. D’ADR ass der Meenung, datt eng Augmentatioun vum Lëtzebuerger Bäitrag an d’EU-Keesse net a Fro kënnt.

Am Abléck gëtt um europäeschen Niveau iwwer en neie Budget fir d’Joren 2014 bis 2020 verhandelt. D’Kommissioun an d’Europaparlament wëllen, datt dee Budget gehéicht gëtt a fannen dobäi och d’Ënnerstëtzung vun eenzelne Memberstaten. Aner Staate verlaangen, datt de Budget muss nominell konstant bleiwen an op kee Fall däerf iwwer 1% vum europäesche Bruttoinlandprodukt klammen. De britesche Premier David Cameron, zum Beispill, huet schonns ugekënnegt, datt e bereet wier säi Veto anzeleeën.

D’ADR ass der Meenung, datt besonnesch elo, wou an allen EU-Memberstaate muss gespuert ginn, eng Erhéijung vum EU-Budget iwwerhaapt net a Fro kënnt. D’ADR verlaangt och vun der Regierung, datt d’Héicht vum lëtzebuergesche Bäitrag an d’EU-Keessen net däerf proportional méi grouss sinn, wéi dee vun deenen anere Länner. Wann néideg, muss de Lëtzebuerger Bäitrag nei verhandelt ginn.

D’ADR stellt och fest, datt nees iwwer d’Aféierung vun enger Finanztransaktiounssteier just fir d’Euro-Länner geschwat gëtt. Mat sou enger Steier soll dann eventuell souguer e separate Budget vun der Eurozon mat finanzéiert ginn. Fir d’Lëtzebuerger Finanzplaz, ob Banken oder Fongenindustrie, wär d’Aféierung vun dëser Steier déi ultimativ Katastrof, et sief si géif gläichzäiteg op der ganzer Welt agefouert ginn. Eng Aféierung vun esou enger Steier just fir d’Eurolänner kënnt also fir d’ADR och net a Fro!

D’ADR verlaangt vun der Regierung, datt si hir Positiounen zu enger Finanztransaktiounssteier just fir d’Eurolänner an zu engem separate Budget nëmme fir d’Eurozon kloerstellt. Si ënnersträicht, datt sou nei Dispositiounen den Ugläichungsdrock op d’Memberstaaten nach weider géing erhéijen, inklusiv am Hibléck op hir sozial Systemer. D’ADR awer verlaangt, datt Lëtzebuerg seng Souveränitéit an deene Froe behält.