Budgetiwwerschreitung am Schoulministère

Insgesamt 35 extern Léierpersounen (“collaborateurs externes”) waarden op hir Paie vum zweeten an drëtten Trimester vum vergaangene Schouljoer. Et geet ëm eng Gesamtzomm vun 155.000 Euro. De Schoulministère huet matgedeelt, datt dës Paie réischt no der politescher Rentrée, am Oktober 2022, kéinten ausbezuelt ginn. De Ministère begrënnt dës Budgetiwwerschreitung mat der Flüchtlingswell aus der Ukrain, déi et mat sech bruecht hätt, datt zu Lëtzebuerg méi Léierpersounen agestallt gi wiere wéi virgesinn. Ass dat wierklech de Grond?

Deel dëse Post: