Budget vun der Stad : D’ADR stëmmt dergéint

D’ADR-Conseillère Marceline Goergen huet de 15. Dezember 2014 net nëmme géint de Budget 2015 vun der Stad Lëtzebuerg gestëmmt mais och d’Gemengepolitik schaarf kritiséiert. Dee Budget huet bekanntlech en ausgewisenen Defizit vu 66,7 Milliounen. Eng Zuel, déi d’Marceline Goergen net gutt hält. Well eng eemoleg Tranche vum Projet Hamilius vun 23,5 Millioune bei de Recetten ass, déi esou ni méi erëm kënnt, wär den tatsächlechen Defizit iwwer 90 Milliounen Euro. An dat wär an engem erschreckenden Trend, well d’Récklagen, déi d’Gemeng an de leschte Joere konnt maachen, ëmmer méi kleng gi sinn. Och d’Reform vun de Gemengefinanzen an d’Situatioun vun der Lëtzebuerger Wirtschaft géingen d’Stader Finanzen net opbesseren, am Konträr. Et wär net de leschten Defizit, an et wär Zäit, ze spueren an iwwerdeier Projeten ze kippen, huet d’ADR-Politikerin gemengt. Duerzou gehéiert an hiren Aen och den Tram, fir deen am Budget 2015 nach nëme Peanuts virgesi wären an deen eréischt an de Joeren drop voll zu Buch géing schloen.
Erausgegraff aus dem Budget huet si esou iwwerdriwwen héich Ausgaben ewéi e Pavillon am Mereler Park fir 3,5 Milliounen Euro oder eng Kichen fir 5 Milliounenooder eng onnéideg Bréck iwwert d’Neiduerf …
Wat d’Investitiounen a Sportinfrastruktur ugeet, huet d’Marceline Goergen ënnerstrach, dass de Kanner aus der Stad d’Prioritéit misst gehéieren op Investitiounen a national Infrastrukturen, wéi e Stadion z.B.
D’Oppositiounsconseillère huet sech och staark gemaach fir en Autosplang. E Foussgängerplang an e Velosplang wäre jo schéin a gudd mais déi gréng Illusioun vun enger Stad ouni Autoe wär net realistesch.

Deel dëse Post: