Nodeems de Budget fir 2013 an der Chamber deposéiert gouf, verlaangt d’ADR, datt all Ministeren an déi zoustänneg Chambercommissioune komme fir méi genee Informatiounen iwwer de Budget vun hirem Ressort ze ginn. D’ADR bedauert, datt dësen demokratesche Reflex bei der Regierung scho méi laang verluer gaangen ass an datt net all Minister vu sech aus déi Initiativ geholl huet fir „säi“ Budget an d‘Chamber virstellen a verdeedegen ze goen!

D’ADR trëtt konsequent fir eng Opwäertung vum Parlament an a verlaangt dowéinst och, datt d’Chamber hir Kompetenzen an der Budgetspolitik nees integral wouerhëlt. D’ADR gëtt sech dowéinst net mat enger allgemenger Presentatioun am Stil vun enger Presskonferenz vum Här Finanzminister zefridden, mä wëll de Budget Departement fir Departement diskutéieren!

Déi véier Deputéierte vun der ADR hunn dowéinst un de Chamberpresident geschriwwen, fir datt all eenzelne  Member vun der Regierung an déi jeeweileg Chambercommissiounen agelueden gëtt fir säi Budget z’erklären an ze verdeedegen. D’Chamber muss besonnesch beim wichtegste Gesetz vum Joer hirer Kontrollfunktioun kënnen a vollem Ëmfang gerecht ginn.

D’ADR bedauert, datt net all Minister scho vu sech aus déi Initiativ geholl huet. Ausserdeem ka si net novollzéien, datt d’Debatten an der Chamber zum Budget ëmmer méi kuerz ausfalen. Fréier hu ganz vill Deputéierten zum Budget geschwat, haut ass et just nach ee vun all Partei. D’ADR wënscht sech nees méi eng lieweg a méi eng laang Diskussioun iwwer de Budget.