Budget 2021: Äddi Wuelstand!

Fir déi vun der Regierung proposéiert Klimaziler ze erreechen, misst ekonomesch gesinn eng permanent Covid-Kris herrschen. Eis Ekonomie géif komplett futti goen an dem Klima wär doduerch nach ëmmer näischt gedéngt. Parallel gi weider monter Scholden erhéicht an op Däiwel komm raus Steieren erhéicht, déi grad déi Aarm an och d’Mëttelschicht besonnesch haart treffen. Den ADR-Fraktiounschef weist a senger Interventioun vum 16. Dezember drop hin, datt de Budget 2021 e Verbriechen un den zukünftege Generatiounen ass.

Deel dëse Post: