Här Buergermeeschter,

Léif Kollegen aus dem Schäffen- a Gemengerot,

D’ADR wëll Iech fir d’alleréischt e Merci ausdrécken, fir d’Presentatioun an d’Ausschaffe vum Budget 2013, well esou ee Budget kascht vill Zäit a vill Aarbecht, an ass mat ee vun deene wichtegste Voten, dee mir op kommunalem Plang huelen.

Mir wëllen drun erënneren, datt mir ons als ADR bei der leschter Budgetsdebatt vum leschte Joer enthalen hunn. Dës Entscheedung war doduerch bedéngt, datt ons eng ganz Rei Iddien an Investitiounen positiv beandrockt hunn. Leider hunn awer och hei schonns ganz wichteg politesch a sozial Propositioune gefeelt. Eis Interventioun, déi deemools als eng Lëscht vu Propositiounen opgebaut war, gouf net zréckbehalen, an d’Iddien „haut la main “ verworf. Och war eis Enthalung dorop zréckzeféieren, datt mir als nei Partei am Gemengerot dem Schäfferot fir d’éischt mol eng Chance wollte ginn – mir wollte kucken, wéi dëse Budget respektéiert gëtt, a wéi dat Ganzt och an der Praxis ausgesäit. An och wa mir aus “Gutdünken” kee veruerteele wollten, sou war et eis kloer, datt dëse Budget net den Iddie vun der ADR géif entspriechen.

Ier mir de Budget e wéineg méi detailléiert auserneenhuelen, gëllt fir eis ee Prinzip ganz besonnesch: De Budget muss sozial a gerecht sinn, e muss op de richtege Plaze spuersam sinn, e muss op déi richteg Investitioune setzen, an e muss d’Entwécklung vun der Gemeng fir déi nächst Joere garantéieren. Ech fänke vläicht mat de negative Kritiken un dësem Budget un, ier ech déi positiv Punkte beliichten.

Den éischte negative Punkt ass deen, datt dee Schäfferot net fäert sech ze bretzen, andeems e seet, datt dat politescht Entscheedungsorgan, also de Gemengen- a Schäfferot mat all senge Komissiounen “just” 200.000 € un ordinären Depensë géing kaschten. Lo vergläicht dat mol mat all deene fräiwëllegen Déngschter, déi just e symboleschen Euro fir hir Aarbecht kréien. Wéi vill vun deene Politiker, déi haut hei sëtzen, géingen dann och wierklech nach hei sëtzen, wa si de symboleschen Euro géife kréien?

Wat elo de Budget 2013 a seng extraordinär Depensen ugeet, déi jo och mam Budget rectifié 2012 an dem Plan pluriannuell 2012 – 2017 zesummenhänken, hu mir folgendes ze soen: D’Gemeng investéiert 8,5 Milliounen Euro, respektiv 14,7 Milliounen Euro, an den Enseignement fondamental. Mir sinn der Meenung, datt dëse Chiffer roueg kéint op 10 Milliounen Euro gehéckt ginn, sou datt dëst een Total vun 16,2 Milliounen Euro géing ginn. Fir eis ass d’Investitioun an d’Schoul an an d’Bildung eng vun de wichtegste Prioritéite fir d’Nohaltegkeet, a fir e gudde Schoulniveau. Mir hätte gäre Kompetenz a Leeschtung. Dofir proposéiere mir, kommt mir rënnen dës Zomm op en zweestellege Beräich op.

D’Gemeng sollt och hir 5,9 Millioune vum Kapitel Sport-Kultur-Loisirs-Tourismus-Jeunesse op 8 Milliounen Euro erhéijen, wat dann, statt 14,1 Milliounen Euro mam Joer 2012, 16,3 Milliounen Euro géingen erginn. Fir ons ass d’Opwäertung vun dësem Kapitel immens wichteg. Si gehéiert zu enger gewëssener Allgemengbildung an d’Aktivitéit ausserhalb vu Schoul a Schaff. Si ass dat Kapitel, wat d’Gesellschaft zesummebréngt, an domat déi sozial Kohäsioun séchert.

D’Gemengeschold beleeft sech insgesamt op 18.163.674 Euro. Datt d’Gemeng et fäerdegbréngt an enger Scholdekris hir Dette publique ëm 2 Milliounen Euro ze reduzéieren, ass duerchaus positiv, an awer net ze relativéieren. Dëst ass eréischt den Ufank vun der Kris, a wann ee gesäit datt d’Staatsscholde mat sécherer Tendenz wäerte klammen, wäert dat och een Impakt op d’Gemengen hunn. Kee wëll d’Gemeng op Null-Euro-Schold gesinn, a kee wëll d’Gemeng obligéieren, net méi z’investéieren. Mä et brauch dréngend e konsequente Programm, dee reng op d’Gemengeschold fixéiert ass. Dëse Programm muss dës Gemengeschold ëm mindestens d’Halschent reduzéiert kréien. Do donieft hu mir fir Enn 2013 och eng Pro-Kapp-Verschëldung vun 1.084 €, wat, a mengen Aen, sozial net vertrietbar ass. Mir kënnen d’Leit net mat an e Verschëldungsboot huelen a responsabel maache fir Scholden, déi d’Gemeng mécht.

Eis Gemeng ass also ëm Milliounen Euro verschëlt, dat sollt een de Leit dobaussen awer soen. Entgéint de Behaaptungen eiser Gemeng géif et gutt goen, ass dëst de Beweis, datt soulaang alles gutt ass, wéi d’Schold nëmmen um Pabeier steet.

D’ADR wéilt och an Zukunft méi Transparenz, wat d’Astellungspolitik vun der Gemeng ugeet, constatéieren dierfen. Ons ginn als Gemengerot zwar regelméisseg nei Kandidate proposéiert, respektiv virgeluecht, déi mir als Gemengerot stëmmen, ma genau Detailer oder CVe ginn ons awer virenthalen. Oftmols ginn hei dann Decisiounen iwwert Leit getraff, déi mir weder méi genee kennen, nach datt mir ons iergendwéi e Bild vun dëse kéinte maachen.

Bleift nach e Wuert ze soen, iwwert déi populistesch Remarque säitens dem Schäfferot, wat d’Parteikaart ugeet: Leider ass et kee Witz, datt eng CSV-Kaart oftmols vu Virdeel ass, während eng ADR-Kaart bal enger Krichserklärung gläich kënnt. Mir sollten also net sou maachen, wéi wa politesch Neutralitéit ëmmer an iwwerall gi wär, well dat wier schlicht an ergräifend gelunn. Mir sinn dofir och skeptesch, wat e Jugendgemengerot soll ugoen. Net d’Iddi selwer fir déi jonk Leit politesch ze motivéieren an z’engagéieren ass déi falsch, mä mir stellen déi politesch Neutralitéit vun dësem Gremium a Fro. Dat ass keen anere Constat wéi deen, dee mir och iwwert d’Jugendparlament kënnen zéien. Mir hoffen, datt d’Beaflossbarkeet duerch den iewegsten CSV-LSAP-Pouvoir net zum Blockage vun engem gutt geduechtene Projet féiert.

Wichteg wier och, datt de Schäfferot eng aktiv Politik géint den Absenteismus géif féieren, an och net dervun zréckschrecke sollt, fir genuch behënnert Matbierger anzestellen (do gëtt et jo och en definéierte Seuil), déi nieft de jonke Chômeuren, déi mir beschäftegen, d’Gemeng Péiteng zu enger méi sozialer a pluralistescher Gemeng géing maachen.

Negativ ass, datt d’CSV-LSAP sech weiderhin iwwert déi 45.000 € vum Véier-Minutte-Comic Indutiomaros lëschteg mécht, déi vollkomme feelinvestéiert waren. Trotz genügend Kritik an engem Avis vun der Kulturkommissioun, soll elo nach e Molbuch, e Maskottchen an nach anere Staff realiséiert ginn.

4,2 Milliounen Euro ass dann och nach fir d‘Stroosserenovatioun geduecht; hei hoffe mir, datt et fir dee Präis dann och endlech zu enger agreabler Situatioun op de Stroosse kënnt. Well jorelaang näischt geschitt ass, gëtt Péiteng elo zum Risechantier, amplaz datt ee regelméisseg a seriö Erneierunge gemeet hätt. Dank der Post an hirem Verleeë vun de Glasfaserleitungen, schéngt de Schäfferot motivéiert ze sinn, endlech ze handelen.

An der Negativlëscht och weiderhin d’Informatioun um Bierger. Bisweilen hu mir genügend Kritik säitens de Bierger an aneren Instanzen héieren, datt dat iwwerhaapt net klappt. A mir als ADR wëllen ons ënnert dës Leit mëschen, déi dat behaapten, well mir souguer als gewielte Partei net ëmmer korrekt informéiert ginn. Hei gëtt vum Infokanal palawert, wéi wa mir ons reng vun dëser Informatiounsquell sollten ofhängeg maachen.

Mir als ADR bleiwen och derbäi, datt de Guide du Citoyen och op Lëtzebuergesch publizéiert sollt ginn. Mir wënschen eis vum Schäfferot e wéineg méi Arbechtsloscht, fir der Iwwersetzung vun dësem Bichelchen nozekommen, an esou d’Eier z’encaisséieren, fir och zu engem promovéierte Lëtzebuergesch bäigedroen ze hunn.

Kee Verständnis huet d’ADR iwwregens och an der Multi-Kulti-Politik vu CSV-LSAP, déi hei op d’Käschte vun der Lëtzebuerger Identitéit a Sprooch avancéiert.

Och d’ADR setzt sech fir ons auslännesch Bierger an, awer op eng Façong, déi definitiv méi korrekt ass – nämlech datt ons Nationalinteresse konservéiert a respektéiert ginn a bleiwen, an déi richteg Integratioun erfollegt, fir esou fir eng gutt sozial Kohäsioun an der Gemeng ze suergen. Mir sinn eng vun deene Gemengen, mat deem héchsten Taux vun Net-Lëtzebuerger, an dofir sti mir besonnesch an der Verantwortung, eppes fir eis Sprooch an Identitéit ze maachen. Péiteng ass keng Multi-Kulti-Gemeng, mä eng Lëtzebuerger Gemeng mat lëtzebuergeschen, franséischen a portugiseschen Awunner. Mir fuerdere vum Schäfferot méi Lëtzebuergesch an der Gemeng, c’ést à dire: Eng Ëmbenennung vun eise Stroosseschëlder, gratis Lëtzebuergeschcoursen, a vill a genuch Publikatiounen op Lëtzebuergesch.

D’Gemeng huet och an dësem Joer bewisen, datt si hier Asylpolitik iwwerdenke muss. D’Gaaschtfrëndlechkeet mat där Péiteng d’Asylanten opgeholl huet, huet nämlech zu sozialen Onroue gefouert, an definitiv och d’Moossstief an d’Kapazitéite vun der Gemeng gesprengt. Et war e Faux-Pas op der politescher Bühn, an dofir sollt sech d’Gemeng fir d’Realisatioun vun engem Centre de Rétention um Findel asetzen, amplaz datt si sech aussprécht, fir an Zukunft méi Immigrante wëllen opzehuelen an do derfir och nach permanent Strukturen an der Péitenger Gemeng realiséiere wëll. Dëst weist also kloer an däitlech, datt de Schäfferot de Streik vun de Péitenger Bierger net verstanen huet. An dëser Fro sollt de Schäfferot sou fair sinn, an e Gemengereferendum organiséieren.

D’ADR vermësst ëmmer nach déi angeblech Jugendfrëndlechkeet vum Schäfferot an e Suivi vun eiser Propositioun fir e Jugendhaus fir Rolleng. D’Gemeng huet ons Alternativ iwwert dëst Jugendhaus an engem Vote majoritär refuséiert. D’ADR wëll de Schäfferot drun erënneren, datt och déi Jonk zu Rolleng gäre géifen an hirer Uertschaft vu solch engem Jugendhaus profitéieren.

Datt dem Schäfferot net bekannt ass, datt Fussball méi e raue Männersport ass, gëtt ons ze bedenken. Fir de Fussballisten d’Attraktivitéit um Sport ze klauen, kann d’ADR net ënnerstëtzen. E syntetheschen Terrain gouf laang vun der ADR schonns gefuerdert, a mir géifen dowéinst de Schäfferot nach emol motivéieren, hiert Argument, datt een sech un den Hällem vum syntheteschen Terrain schneide kéint, ze iwwerdenken. Et steet der Saach dofir jo näischt am Wee, fir déi aktuell Terraine mat Hybridrasen ze erneieren. De Chiffer fir den Hybridrasen fir CS Péiteng soll sech op 300.000 Euro belafen. Mir hoffen, datt déi zoustänneg Firma den Ënnerhalt vun den Terraine seriö garantéiert a regelméisseg iwwerpréift, respektiv nobessert, sollten d’Conditiounen net méi déi sinn, déi sollte sinn.

D’ADR ënnerstëtzt och selbstverständlech d’Jugendorganisatiounen an d’Museksschoul. Et sinn zwee Aktivitéitsberäicher, déi fir d’Attraktivitéit vun der Gemeng besonnesch intressant sinn. Mir wëllen dëse Leit dofir felicitéiere fir hiert Engagement. Ze bedenke gi mir dem Schäfferot allerdéngs just iwwert d’Noutwennegkeet vun enger zweeter Museksschoul, respektiv iwwert den Ëmbau vum Scoutschalet, deen ons 50.000 Euro kascht.

Net wierklech iwwerzeegt huet ons och déi iwwerflächlech, sou bezeechent “Ampelspolitik” vum Schäfferot. Huet de Schäfferot fir 30.000  Euro dann och dru geduecht, datt se behënnertegerecht sollte sinn? Huet en dru geduecht, fir eng adequat Zebrasträifebeliichtung ze garantéieren a fir sou mann wéi méiglech Liichtverschmotzung ze suergen? Et wier net schlecht gewiescht, wann hei méi Detailer presentéiert gi wieren, ëmmerhinn geet et hei ëm d’Sécherheet vun de Bierger an eiser Gemeng.

Wat d’Liichtverschmotzung betrëfft hu mir iwwregens eng Motioun eragereecht, wou mir hoffen, datt Déi Gréng, ma awer och déi aner Parteien, dës wäerte matdroen. Sou wéi ech de Schäfferot verstanen hunn, wëll hie jo fir e gudden Environnement suergen an d’Natur als e wichtege Volet consideréieren.

Negativ och, datt ee bei de Brutto-Depensë feststelle muss, datt d’Ënnerhaltskäschte vun eise Gebaier ëm 8% klammen. D’Erklärung ass déi, datt et sech hei ëm nei Gebaier géing handelen. D’ADR géing sech wënschen, datt mol intensiv no Spuerméiglechkeete gesicht gëtt, fir dës Käschten ze limitéieren, respektiv ze reduzéieren.

Datt d’Informatik sech op 5,2 Milliounen Euro un uerdentlechen Depensë beleeft, ass och wéineg novollzéibar. Ech huelen ee prinzipielle Punkt vun der Informatik eraus: Een deieren Internetsite, dee weder e linguistesche Choix ubitt, nach behënnertegerecht ass. Och hei ass mat Sécherheet Spuerpotential dran, fir wesentlech méi Kompetenz. Dat weess ech dofir sou gutt, well d’ADR elo kierzlech eng nei Internetpräsenz krut!

Iwwert Chancëgläichheet si mir och net vill gewuer ginn. Hei gouf ons matgedeelt, datt d’Depensë sech géingen op 15.000 Euro befalen. D’ADR wier glécklech doriwwer, hei méi exakt Informatiounen dierfen ze kréien.

D’Madame Conter huet an hirem Referat ganz oft vun “mir erwaarden” geschwat. Mir kruten och nëmme wéineg Zuelen a Finanzen an hirem Referat ze héieren. Mir erënneren och un den nationale CSV-Slogan, deen och fir d’Péitenger CSV keen aneren dierft sinn: De séchere Wee. Mä e séchere Wee definéiert een duerch Fakten an duerch eng Garantie.

Positiv hu mir fonnt, datt dëse Budget 2013 no der Nomenclature opgestallt ginn ass. Dat ass eng wesentlech bürokratesch Vereinfachung, a wuel och e Plus an der Transparenz vun de Gemengefinanzen. D’ADR wëll awer trotzdem dorop insistéieren, datt et eminent wichteg wier, fir d’Finanze vun der Cour des Comptes kontrolléieren ze loossen. Dës Budgetskontroll optimiséiert nämlech d’Gemengefinanzen a gëtt där Prozedur och e professionellen, analytesche Charakter. Fir déi nächst Budgetsdebatt géinge mir eis och wënschen, datt d’Froe vun de Conseilleren zum Budget, eréischt no der Budgetspresentatioun eragereecht sollte ginn, fir datt mir eng Logik an den Oflaf do kréien. Hei muss dréngend eng Ännerung vum Gemengegesetz geholl ginn!

Déi net affektéiert Revenuen, also d’Steiersue vun der Gemeng Péiteng, belaafe sech op 41,8 Milliounen Euro, wouvun am Budget 2013 10,9 Milliounen Euro iwwreg bleiwen, fir aussergewéinlech Projeten. Dës Steiersue verdeelt dir, laut ärem Tableau, op 11 verschidde Beräicher. Mir sinn der Meenung, datt dir d’Prioritéite respektéiert hutt, an datt un der Verdeelung vun dëse Steiersuen, méi oder wéineger och näischt ze kritiséieren ass. Dëst schéngt mir e Pluspunkt an dësem Budget ze sinn.

Datt de Familljeministär d’Vakanzenaktioun mat enger Part vun 1.690.000 Euro ënnerstëtzt, fanne mir iwwregens och gutt a gerecht.

D’ADR dréckt sech an hirem Schlusswuert äusserst skeptesch zum Budget 2013 aus. D’ADR zitéiert gären den Här Breyer wéi hie bei der Budgetspresentatioun sot, datt hien ëmmer misst kräischen, wann hien de Budget muss presentéieren. Mir och, wa mir de Budget mussen héieren. Mir hunn dofir Matleed, awer och héije Respekt virum Här Breyer, datt hien dat sou verstoppt awer ëffentlech zouginn huet. Ongewëss bleiwen d’Froen iwwert d’Behënnertepolitik, déi sozial Politik ass net gutt genuch definéiert, et ass net vun enger Déiereschutzpolitik geschwat ginn, bis op eng Floskel näischt zum drëtten Alter, vill Feelinvestitiounen, oftmools e Manktem u Komplettheet, an ganz vill Iddie vun der ADR, déi mir iwwert ons Question Communalen an ons Zeitung “de Pefferkär” matdeele gelooss hunn, sinn entweder guer net erëmzefannen oder refuséiert. Nëmme minoritär bleiwen déi Entscheedungen, déi an eisem Verständnis positiv ze bewäerte sinn.

Opgrond vun dësen Iwwerleeungen, wäert d’ADR dëse Budget NET stëmmen, a géif un de Schäfferot appeléieren, hire Budget zréckzezéien a baséirend op de Meenungen an der Integralitéit vun de politesche Parteien, en neie Budget ze presentéieren.

D’ADR seet dem Gemengen – a Schäfferot souwéi der Press an de Gäscht Merci fir d’Nolauschteren.