De 13. Dezember ass an der Chamber de Budget fir d’Joer 2013 gestëmmt ginn. De Fraktiounschef Gast Gibéryen huet a senger Ried ënnerstrach, datt d’Situatioun mëttlerweil dramatesch ass. Et kommen an deenen nächste Joren nach weider Schwieregkeeten op déi finanziell Situatioun vu Lëtzebuerg duer. Aus deem Grond ass et wichteg, op deene richtege Plazen ze spueren an déi richteg Prioritéiten ze setzen.

Dem Gast Gibéryen no läit de Budget fir d’Joer 2013 an der Kontinuitéit vun de Budgete vu virdrun: d’Defiziter bleiwen an d’Schold gëtt ëmmer méi grouss. Fir d’Joer 2012 war en Defizit vun 1,1 Milliard virgesinn; wéinst den onrealistesche Wuesstemsprevisioune beleeft e sech awer op 1,6 Milliarden. Och fir d’Joer 2013 kéint den Defizit méi héich ausfale wéi virgesinn, esou de Fraktiounschef, deen drop hiweist, datt d’Zil vun engem Nulldefizit net méi fir 2014 z’erreechen ass.

D’Situatioun ass dramatesch an et kommen an deenen nächste Joren nach weider Schwieregkeeten op déi finanziell Situatioun vu Lëtzebuerg duer:

  • Vun 2015 u fält e groussen Deel vun de Suen, déi duerch den elektronesche Commerce erakommen, ewech. Obwuel dëst zënter laangem bekannt ass, huet d’Regierung nach net erkläert, wéi se gedenkt deem Verloscht entgéintzewierken.
  • En Deel vun de Recettë sinn dorobber zréckzeféieren, datt d’Betriber hir Steiere mat e puer Joer Decalage bezuelen, respektiv bezuelt hunn. Dëse System ass awer mëttlerweil opgeschafft.
  • Wat d’Fongen ugeet, esou sinn d’Investissioune bal ëmmer duerch en Emprunt finanzéiert ginn, an dat obwuel d’CSV virun de Wale behaapt huet, et wieren nach Reserven do.
  • De Finanzsekteur ass an der Baisse an e wäert sech net méi erkréien.
  • D‘ Desindustrialiséierung vum Land mécht sech ëmmer méi bemierkbar.
  • Wat d’Emprunten ugeet, muss Lëtzebuerg endlech ufänken, net nëmme Zënsen, mä och Kapital zréckzebezuelen. Eng Iwwerverschëldung hätt nefast Konsequenzen op d’Attraktivitéit vu Lëtzebuerg. Et besteet d’Gefor, datt déi budgetär Souveränitéit verluer geet.

De Gast Gibéryen huet ënnerstrach, datt d’Steierverwaltung net genuch Beamten huet fir déi Steieren anzedreiwen, déi missten encaisséiert ginn. Well d’Regierung nach kee Gesetzesprojet zu de Faillitë virgeluecht huet, ginn och an deem Beräich vill Staatsrecettë verluer.

De Fraktiounschef ass och op d’Spuerpropositiounen, déi d‘ADR schonns zum Deel viru Méint ausgeschafft hat, agaangen:

  • D’Entwécklungshëllef muss op 0,7% zréckgeschrauft ginn. – D’Contributioune vu Lëtzebuerg un international Institutioune musse renegociéiert ginn.
  • D’Relatioune tëscht Staat a Kierch mussen iwwerduecht ginn. – D’Masse salariale beim Staat muss agefruer ginn.
  • Bei den Infrastrukture musse Prioritéite gesat ginn. Den Tram däerf op kee Fall gebaut ginn. – A Saache Reforme administrative ass „glat a guer näischt“ geschitt.
  • D‘Handwierksbetriber musse vis-à-vis vun der deloyaler Konkurrenz aus der Grenzregioun ofgeséchert ginn.
  • D’Familljenzoulage mussen zesummegeluecht an der Steier ënnerworf ginn.
  • D’Beschäftegungsinitiative musse bei der ADEM ugesidelt ginn.

Et wier jiddefalls wichteg déi sozial Schwaach ze schützen, dat heescht ënnert anerem déi, déi ënnert der Aarmutsgrenz liewen an déi, déi fir de Mindestloun schaffe ginn. Mat der Steiererhéijung hätt d’CSV-LSAP-Regierung net de richtegen, mä den einfache Wee gesicht. D’Netupassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun eleng entsprécht enger Steiererhéijung vun 1,5 Milliarden Euro.

De Gast Gibéryen huet och d’Regierung dofir kritiséiert, datt d‘Kilometerpauschal gestrach gëtt a gläichzäiteg d’Tariffer am ëffentlechen Transport erhéicht ginn.

Et géif masseweis Propositioune ginn, wéi ee kéint de Staatsbudget an den Equiliber kréien; Propositiounen, déi d’Regierung allerdéngs net berücksichtegt, esou de Fraktiounschef. D’CSV-LSAP-Koalitioun wier net handlungsfäeg, well sech d’Parteie géigesäiteg blockéieren.

“Déi Politik, déi d’CSV/LSAP-Regierung mécht, gëtt exklusiv um Bockel vun de kommende Generatioune realiséiert. Dat ass net serieux, dat ass net ze veräntweren an dofir wäerte mir dëse Budget net mat stëmmen”, dëst war d’Konklusioun vum Gast Gibéryen.