Brutal Iwwerfäll an der Stad: Präzisioune gefrot!

An der Press war ze liesen datt et an der Stad Lëtzebuerg rezent eng 10 Fäll gouf, wou eng Persoun op eng brutal Manéier entweder eng Auer geklaut oder eng Kette vum Hals gerappt krut. Eppes wat d’Stater Buergermeeschtesch an engem Interview confirméiert huet. De Policeminister Henri Kox schéngt nees den Deckel op des bedauerlech Serie vu kriminellen Doten ze halen, an huet kaum offiziell Informatiounen iwwert des Virfäll erausginn.

 

Deel dëse Post: