Boulevard P. Frieden: Parking fir Bussen ?

Mat der Aféierung vum neie Fuerplang an der Ëmleedung vun enger Rei Buslinnen um Kierchbierg ass de Boulevard Pierre Frieden zu engem reegelrechte Parking fir RGTR Busse ginn, wou bis zou iwwer enger Dose Busse laanscht dës Strooss stinn. Och Remorquë fir Passagéier ginn iwwer länger Zäitraim do ofgestallt. Dëst bedéngt ënner anerem, datt d’Foussgängerpassagen net méi iwwersiichtlech sinn, dëst an direkter Noperschaft vun enger Schoul an engem Foyer scolaire.
An deem Kontext huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser eng Rei Froen un den Minister fir Infrastrukture gestallt.

Deel dëse Post: