Blockéiert d’Regierung de Fortschrëtt an der Logistik?

D’Logistik ass d’Liewensoder vun der Lëtzebuerger Wirtschaft an de Lëtzebuerger Awunner. Net nëmmen, datt hei Dausenden Aarbechtsplaze vu sämtleche Qualifikatiounsniveauen drun hänken, mee se garantéiert och eis deeglech Versuergung mat enger Rei liewenswichtege Gidder wéi Liewensmëttel, Medikamenter, Pëtrol asw., déi an engem klenge Land wéi Lëtzebuerg nu eebe mol nëmme begrenzt oder guer net kënne produzéiert ginn.

Vergaange Regierungen a Ministeren hunn sech duerfir ëmmer gär als Vertrieder vun dësem Secteur inzenéiert. Ma déi gréng Ideologie gëtt och hei net méi gestoppt. Am Interview mam Radio 100,7 mécht den Direkter vun der Verbandsassociatioun “Cluster for Logistics” op eng Rei politesch Probleemer opmierksam. Zum enge verlaangt d’Regierung eng Reduzéierung vun den CO-2 Emissiounen em 48 Prozent bis 2030, anerersäits blockéiert si wichteg technesch Erneierungen déi genau duerfir néideg wieren, zum Beispill déi am europäeschen Ausland längst üblech Camione mat enger Luetfläch vu 25 Meter Längt. Alt nees muss een sech froen: Wat soll dat?

Lo wësse mir méi. D’Regierung léisst sech zwar net dozou rof, dem Fred Keup ze äntwerten, gëtt vis-à-vis vun DP-Deputéierten awer zou, datt zousätzlech Camionen generell net erwënscht sinn.

Hannergrond:

Deel dëse Post: