Bilan Chamberjoer: Gast Gibéryen hëlt kee Blat virun de Mond!

Fir d’éischt war et e positive Réckbléck op déi zwou lescht Walen, mat zemools engem Rekordresultat fir d’ADR vun iwwer 10% bei den Europawalen. An dëser Legislatur bleift déi Alternativ Demokratesch Reformpartei weider hiren Themen trei: Lëtzebuerger Sprooch, Familljepolitik, Integratioun vun auslännesche Matbierger. Bei Gambia 2 ass iwwerdeems keng Spuer méi vun auslëften festzestellen. Déi versprachen Transparenz ass fleeten, zum Beispill a groussen Dossieren wéi Google zu Biissen. A Saache “Geheime Casier” gëtt, zesumme mat deenen aneren Oppositiounsparteien net labber gelooss bis alleguerten d’Froen gekläert sinn. An dann zielt Iech de Gast Gibéryen nach firwat de neien CSV-President Frank Engel e Glécksfall fir déi aner Parteien ass.    

Deel dëse Post: