En Donneschdeg, de 5. Juli, huet d’Alternativ Demokratesch Reformpartei d’Press ageluede fir de Journaliste Merci fir déi gutt Zesummenaarbecht ze soen a fir zu enger Rei vun aktuellen Themen Stellung ze huelen. „D’ADR ass déi eenzeg Partei, déi Europa kritesch gesäit“, esou de Gast Gibéryen, deen um Beispill vum Europäesche Stabilitéitsmechanismus (ESM) drop higewisen huet, datt Lëtzebuerg ëmmer méi Souveränitéitsrechter oftrëtt. Griicheland soll och d’Méiglechkeet kréien d’Eurozone ze verloossen.

De Jean-Claude Juncker muss tëscht dem Poste vu Premier Minister a vu President vum Eurogrupp entscheeden. Lëtzebuerg brauch en haaptamtleche Regierungschef, deen sech net „niewelaanscht“ ëm seng Flichten heiheem këmmert.

Och op d’Demokratiedefiziter ass den ADR-Fraktiounschef agaangen an huet méi Referendumen gefuerdert, d’Méiglechkeet fir d’Bierger d’Verfassungsgeriicht kënnen direkt ze saiséieren a méi Riedzäit fir d’Deputéierten an der Chamber verlaangt.

An der Familljepolitik ass d’ADR der Meenung, datt de Staat sech net soll an d’Decisioune vun der Famill amëschen. Nieft enger flächendeckender Betreiung misst also och d’Aarbecht vun deenen Eltren, déi hir Kanner doheem erzéien, finanziell honoréiert ginn.

Kritik huet de Gast Gibéryen un de Sozialisten ausgeübt, well ee vun hinen am Verwaltungsrot vun ArcelorMittal vertrueden ass an d’Partei sech net géint de Sozialofbau wiert. An enger Drénglechkeetsfro iwwer déi aktuell Situatioun huet sech  den ADR-Deputéierten elo un de Wirtschaftsminister gewant.

Zum Schluss vu senger Ried ass en nach eng Kéier op den Dossier Tram, „déi gréisst Feelinvestitioun, déi Lëtzebuerg jee gemaach huet“, agaangen. D’ADR bekennt sech weider zum City-Tunnel, well deen de Problem vun de Pendler léisst. De Gast Gibéryen ass zouversichtlech, datt de Projet vum Tram nach ka verhënnert ginn.

Weiderféierend Informatiounen: