Och d’ADR huet, um Ënn vun dem parlamentareschem Joer, der Press Merci gesot fir hir Ënnerstëtzung bei der politescher Aarbecht. Iert et e gudde Maufel gouf huet de Gast Gibéryen als President vun der Fraktioun, Bilan gezunn iwwert e beweegtent politescht Joer.

Fir d’ADR Fraktioun war et e gutt Joer, mat ganz vill wäertvoll Interventiounen esouwuel an den Debatte wéi a ganz ville Kommissiounssëtzungen. Och am Hannergrond ass vill Aarbecht geleescht ginn, esou datt och deen neien Internetsite konnt virgestallt ginn. Fir de Gast Gibéryen gesäit de Bilan vun der Regierung bei wäitem net esou positiv aus, wat sech  duerch de schlechte Klima tëschent der Majoritéitsparteien CSV an LSAP erklärt. De Gast Gibéryen huet gefuerdert: „De Sozialofbau aus de leschte Joere muss zréck gezu ginn

Nach eemol ass de Gast Gibéryen op d’Problematik vun der Rentereform agaangen. Dës huet näischt mat de rezenter Wirtschaftskris ze dinn a muss am Géigendeel op laangfristeg Iwwerleeunge baséieren. An do steet an éischter Linn d’Fro: wat fir e Lëtzebuerg wëlle mer an 30, 40 oder 50 Joer? Wëlle mer e Land mat enger Millioun Salariéen? Zu esou enger Perspektiv seet d’ADR kloer Neen, an dofir huet d’Partei och als éischt kloer Propositioune virgeluecht, wéi  d’Rentereform kéint ausgesinn esou datt se fir d’Leit akzeptabel ass a wou Lëtzebuerg aus der Ofhängegkeet vu 4% Wuesstem pro Joer eraus kennt.

E wichtege Punkt vun dem nächstem Joer wäert d’Verfassungsreform ginn. D’ADR hält drop, iwwregens grad wéi de President vun der zoustänneger Kommissioun Paul-Henri Meyers, datt dës nei Verfassung vum Vollek iwwert e Referendum ratifizéiert gëtt. Den ADR ass prinzipielle vir eng „partizipativ Demokratie“, wou d’Leit bei grousse Froe kennen iwwert Referendum hir Meenung ausdrécken, an huet dëst schonns 1999 iwwert d’Proposition de loi Mehlen gefuerdert. Esou e Referendum muss zum Beispill ofgehale gi wa Lëtzebuerg Souveränitéit un d’EU wëllt ofginn, awer och an der Entscheedung tëschent dem Tram an dem City-Tunnel.

An Europa schéngt et net nëmmen un der partizipativer Demokratie ze feelen, mä un der Demokratie tout court! Esou kommen op dësem Dag d’Angie Merkel an den Nicolas Sarkozy zesummen, fir – am Aklang mat de Banken – Décisiounen virzezéien déi dann zu Bréissel aktéiert ginn. Weder d’Parlamenter nach d’Bierger ginn un deene wichtege Beschléis um hir Meenung gefrot! Fir d’ADR kënnt net a Fro, datt d’Beneficer privatiséiert ginn, d’Perten dogéint awer vun der Allgemengheet gedroe ginn. Am Fall vu Griichenland huet d’ADR e kloert Konzept virgeluecht, wou dem Land gehollef gëtt mat der Conditioun datt d’Griichen den Euro opginn.

D’ADR wäert sech weider konsequent dofir asëtzen datt net weider Souveränitéit un Europa opgetruede gëtt, an sech vehement géint EU-Stéiere wieren! Méi a méi gëtt d’EU-Politik zur enger Gefor fir de Lëtzebuerger Sozialsystem.

Um nationale Plan huet de Gast Gibéryen der CGFP Merci gesot, dat se gesuergt huet datt d’Krisesteier 2012 ofgeschaf gëtt. Wéinst der Entspanung an de Staatsfinanzen – wou Kris an net Kris och zum Deel vun der Manipulatioune vum Finanzminister Luc Frieden gestéiert gëtt – fuerdert d’ADR datt och weider Moossnamen iwwert den Sozialofbau zréck gezu ginn. Esou muss d’Mammerent erëm ab 60 Joer ausbezuelt ginn, an d’Kannergeld muss erëm un den Index ugepasst ginn. Déi nächst Indextranche muss och erëm dann ausbezuelt gi wann ze fälleg ass.

Fir de Gast Gibéryen war, ass a bleift d’ADR esou déi eenzeg sozial Partei am Parlament, déi konsequent géint den Sozialofbau stëmmt.