Biertrenger Schlass: Staat net intresséiert …

D’Biertrenger Schlass, dat als nationaalt Denkmal klassifizéiert ass, gouf mat all sengen Dependancen un d’Rout Kräiz verierft. Déi néideg Renovatiounsinvestitioun fir do ee vun der Organisatioun hiren Aktivitéitsprojeten ze realiséieren, wier awer ze grouss gewiescht. D’Rout Kräiz hätt sech dofir un de Lëtzebuerger Staat geriicht, ma dëse soll awer net um Schlass intresséiert gewiescht sinn. D’Schlass ass schliisslech an d’Vente komm. Den Deputéierte Fred Keup wëllt vun der Kulturministesch wëssen, firwat et hei un Interesse feelt.

 

Deel dëse Post: