Bicherdonen u Bibliothéiken

Leit, déi iwwer eng wäertvoll Bichersammlung verfügen a virun hirem Doud oder aus engem anere Grond dës Sammlung enger Bibliothéik als Don schenke wëllen, stoussen oft op Widderstänn a kréien eng Ofso, well et an de Bibliothéiken net genuch Personal oder einfach net genuch Plaz gëtt, fir dës Bichersammlungen ze stockéieren. Och kréie si gesot, eng gutt Bibliothéik géif nëmme mat neie Bicher fonktionéieren, soss wier et keng Bibliothéik, mee ee „Bichermusée“ oder „Bicherkierfecht“. D’Leit ginn dann oft u Bicherveräiner verwisen, wéi zum Beispill d’Lëtzebuerger Bicherfrënn oder de Lënster Bicherclub Luxemburgensia. Mee och dës Veräiner stousse séier un hir Grenzen, well se einfach net genuch Plaz fir d’Bicher hunn an doduerch och méi selektiv sinn, wéi dat nach fréier de Fall war. Oft ginn doduerch wäertvoll oder originell Bichersammlungen, déi duerchaus zum Patrimoine mobilier vum Land ze rechne sinn, verluer oder an d’Ausland verschenkt. Verstäerkt gëtt dësen Trend doduerch, datt et zu Lëtzebuerg kaum modern Antiquariater, also Librairië mat moderne Second-hand-Bicher gëtt. Wéi steet d’Regierung zu dësem Problem?

 

Deel dëse Post: