Op Invitatioun vun den ADR-Fraen huet de Groussrabbiner Alain Nacache en interessante Virtrag am Reuniounssall vun der ADR-Fraktioun gehalen.

Thema war déi aktuell Situatioun vun der jiddescher Gemeinschaft zu Lëtzebuerg. Dobäi huet den Här Nacache ënnerstrach datt d’Judden hei am Land gutt integréiert sinn,an hir Situatioun besser ass wéi a villen aneren europäesche Länner.

Weider ass et och zu engem flotten Echange vun de ronn 15 Leit aus dem Public mam Groussrabbiner komm. Um Enn, vum bal zwou Stonne laangen  a flotten Austausch, waren et, wéi op eise Fotoen ze gesinn, zefridde Gesiichter.