Bestellung vun “alen” an neien Impfstoffer

No de Corona-Impfstoffer vu Biontech/Pfizer, Astrazeneca, Moderna an Johnson&Johnson ass säit Dezember 2021 ee weideren Impfstoff an Europa zougelooss: Novavax. Well sech vill Mënschen net gär mat engem mRNA-Impfstoff wéi deem vu Moderna impfe loosse wëllen, verbanne verschidde Gesondheetsexperten a Politiker an Europa mat deem neien Impfstoff d’Hoffnung, datt sech dës Leit elo awer nach vläicht wëllen impfe loossen. Aner Experten argumentéieren, Novavax wäert kee groussen Afloss op d’Impfbereetschaft hunn, esoulaang d’Mënschen net selwer entscheede kënnen, mat wat fir engem Impfstoff si geimpft ginn. Geet d’Ministesch dervun aus, datt deen neien Impfstoff fir verschidden „Impfskeptiker“ eng Aart Alternativ zu de bisheregen Impfstoffer duerstelle wäert a si sech dofir mat Novavax impfe loosse wäerten?

Deel dëse Post: