Besser en Accord mat Polen wéi falsch Kritik

Méi mouvementéiert goung et an der Chamber zou, wéi et em en Accord mat Polen iwwer sozial Sécherheet gaang ass. Dobäi hat de Fernand Kartheiser just gemengt, hie géing sech freeën iwwer den Accord, well de Lëtzebuerger Bausseminister déi nei Regierung vu Polen an der Lescht schaarf kritiséiert hätt … an zwar formell an och wat de Fong ugeet falsch kritiséiert. Gläich zwee Leit, den Alex Bodry an de Paul-Henri Meyers hunn dunn agegraff … awer mat zimlech schwaachen Argumenter.

Deel dëse Post: