Belsche Stroum, däitsche Präis?

Stroumversuergung ass e komplizéierten Thema, besonnesch bei engem Land wéi Lëtzebuerg, dat dobäi vill vum Ausland ofhängt. Esou kréie mir e wichtegen an esouguer onverzichtbaren Deel vun eisem Stroum aus enger net geneemegter Stroumleitung tëscht deem belschen Éibeng an Esch. Anerersäits ass de Lëtzebuerger Stroummaart an deen däitschen integréiert, notoresch deen deiersten aus Europa. Dat steet an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser, enger Äntwert, déi eng ganz Rëtsch aner Froe no sech zitt, déi de Fernand Kartheiser dann och prompt op den Instanzewee geschéckt huet.

Deel dëse Post: