Och d’Mammerent ab 60 Joer muss bäibehale ginn

D’ADR begréisst d’Decisioun vun der Regierung fir den „bëllegen Akt“ an d’Hëllefen bei den Zënsen bäizebehalen. Eng grouss Ongerechtegkeet beim geplangtem Sozialofbau bleift awer nach bestoen: d’Eropsetzen vum „Pensiounsalter“ vun 60 op 65 Joer fir an de Genoss vun de Mammerent ze kommen. D’ADR lancéiert en Appel un d’Regierung och dës Moossnam ze sträichen, déi beschtefalls e symboleschen Charakter am Gesamtbudget vum Staat duerstellt.

Op Drock vun de Gewerkschaften huet d’Regierung op eng weider Moossnam aus dem Spuerpak verzicht. De „bëllegen Akt“ bleift bestoen, genau esou wéi d’“Bonification d’intérêts“. D’ADR begréisst dës Decisiounen an erënnert drun ass si als eenzeg Partei – niewent de Jonk Demokraten – en Appel gemeet hat fir déi geplangten Manifestatioun vun de Gewerkschaften fir d’Erhalen vun “bëllegem Akt” ze ënnerstëtzen.Eng Moossnam no der anerer aus dem Spuerpak vun der CSV-LSAP Regierung gëtt fale gelooss oder fir d’Patroen mat Geld aus dem Staatsbudget ausgeglach. Dëst ass de Bewäis datt d’CSV-LSAP Regierung an der Tripartite an beim Depôt vum Budget d’Finanzsituatioun bewosst méi schwaarz gemoolt huet wéi néideg. Ënnert dem Virwand vum Equiliber vun de Staatsfinanzen wollt esou d’ Regierung mam Sozialofbau, deen zënter 2006 ageleet ass, riicht weider fueren.

Eng ganz besonnesch ongerecht Moossnam aus dësem Sozialofbau ass bliwwen: d’Eropsetzen vum Alter fir d’Mammerent ze kréien. Op dëse spezielle Punkt huet d’ADR schonns den 28. September an enger Pressekonferenz opmierksam gemeet. Duerch dës Mesure verléiert eng Mamm, déi ab dem 1. Januar 2011 60 Joer kritt an déi hir Kanner groussgezillt huet an dofir keng eegen Uspréch op eng Pensioun huet ronn 5200€ pro Kand oder, iwwert 5 Joer, ronn 85€ pro Mount.

D’Erspuernis fir de Staat duerch d’Sträichen vun der Mammerent fir Fraen tëschent 60 a 65 Joer ass symbolesch fir net ze soen lächerlech: 1,5 Milliounen € am éischte Joer, bei Gesamtausgaben vun 12,7 Milliarden €. A Prozenter mécht dës Mesure 0,01% vum Budget aus!
„D’Regierung kann sech dëst nëmmen erlaben, wëll d’Mamme keng Lobby hunn. Dat ass e Skandal!“, sot de Gast Gibéryen op der Pressekonferenz vum 28. September. D’ADR fuerdert d’Regierung op, dës besonnesch ongerecht an onnéideg Mesure ze sträichen.