[BEÄNTWERT] Passage souterrain entre la maison de soins et la zone piétonne à Diekirch

Här President,

Esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukture weiderzeleeden.

Dat neit Altersheem zu Dikrech läit praktesch beim Zentrum, wou och eng flott a lieweg Foussgängerzon ass. De Servior an den Zentrum ginn awer duerch eng vill befuere Strooss zu Dikrech getrennt. Fir déi eeler Bewunner vum Servior ass et praktesch onméiglech op déi aner Säit ze kommen, bedingt duerch de ville Verkéier. Den Zougang zum Zentrum vun Dikrech gëtt den eelere Leit schwéier a geféierlech  gemaach

Engem Lieserbréif no hätten d’Gemeng Dikrech an de Ponts et Chaussées do näischt virgesinn, si wäre sech net eens ginn.

An deem Kontext wéilt ech dem Här Minister dës Froe stellen:

  1. Wat sinn déi genee Grënn, firwat d’Gemeng Dikrech an de Ponts et Chaussées sech hei net eens goufe fir en ënnerierdesche Passage ze bauen?
  2. Wéi ass dem Här Minister seng Meenung fir hei en ënnerierdesche Passage ze bauen?
  3. Am Fall vun enger positiver Äntwert, wéi wär den Zeitrahmen fir dëst ze realiséieren?
  4. Den Duerchgangsverkéier ass zu Dikrech den Haaptproblem. Ass eng Ëmgehungsstrooss fir Dikrech a Planung, speziell och am Hibléck op de Bau vun der zukënfteger Ackerbauschoul?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse écrite de Monsieur Claude Wiseler, Ministre du Développement durable et des Infrastructures

 

Deel dëse Post: