Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir nohalteg Entwécklung and un den Här Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen weiderzeleeden.^

Déi belsch Prëss mellt, datt d’Aarbechten op d’Zuchstreck tëschent Bréissel a Lëtzebuerg op d’Joer 2012 verreckelt ginn. Et war virgesinn, datt dëse Chantier sollt 2013 ufanken. D’Modernisatioun vun dëser Eisebunnslinn, déi ënner anerem déi 3 europäesch Haaptstied verbënnt, ass fir Lëtzebuerg immens wichteg

An deem Kontext wollt ech dem Minister fir nohalteg Entwecklung an Infrastrukturen dës Froe stellen:

1. Ass de Minister iwwert de Report vun dësen Aarbechten Informéiert ?

2. Wéi vill d’Regierung bei de beischen Autoritéiten intérvenéieren, fir datt den initiale Zäitplang agehäle gëtt?

3. Sicht d’Regierung bei den europaeschen Institutiounen ëm Support, fir datt d’Modérnisatioun vun der Streck Bréissel, – Lëtzebuerg. an de beschten Délaie virugeet ?

4. wéi vill huet Lëtzebuerg an d’Modernisatioun vun der Streck Lëtzebuerg-Gare -Klengbetten-Grénz schonns invéstéiert, a waert nach investéiéren, fir datt de Lëtzëbuerger Deel vun der Linn optimal ka bedéngt ginn?

5. Ass Lëtzebuerg un de Käschte bedeelegt fir de beischen Deel ze moderniséieren ? Wajo, a wéi enger Héicht an ënner wat fir enge Konditiounen ?

Mat déiwem Respekt,

Gast Gibéryen

Député

Réponse écrite de Monsieur Claude Wiseler, Ministre du Développement durable et des Infrastructures

Op Nofro huet de belschen zoustännege Ministère confirméiert, dass wéinst der onsécherer Evolutioun vun den zür Verfügung gestallte finanzielle Moyenen, de Projet vun der Modernisatioun vun der Eisebunnsstreck tëschent Lëtzebuerg a Bréissel op belscher Säit réischt fir d’Joeren 2021 – 2022 fäerdeg gestallt ka ginn. Dat heescht awer net, dass den Ament nach keng Modernisatiounsaarbechten tëschent der belsch-iëtzebuerger Grenz a Bréissel amgaange wieren.

Dës hunn 2006 ugefaangen, mee si sinn zäitopwändeg, well si ënner Betriib musse stattfannen.

Ugangs louchen dräi méiglech Varianten um Dësch fir dës Streck op belscher Säit ze moderniséieren an esou d’Zäit, déi den Zuch tëschent deenen zwou Haaptstied brauch, ze reduzéieren. Well sech Infrabel fir eng manner ambitiéis Variant décidéiert huet, leet Lëtzebuerg näischt finanziell zu den Aarbechten bäi, déi op belscher Sait réaliséiert ginn. Doduerch ass de Spillraum vun enger Interventioun och zimlech limitéiert.

Den Entretien, d’Erneierung an d’Augmentatioun vun der Kapazitéit vun den eenzelenen nationale Schinneréseauen fält ënnert d’Responsabilitéit vun den eenzelenen nationalen Infrastrukturbedreiwer; am Fall vun der Belsch ass dat Infrabel.

De lëtzebuerger Streckendeel vun dëser Relatioun betrëfft d’Streck vu Lëtzebuerg op Klengbetten. Dës Streck gëtt an dräi Phasen erneiert a moderniséiert. Déi éischt Phase betrëfft d’Erneierung vu sämtlechen Telekommunikatiouns- a Signalisatiounsanlagen. Am Kader vun dësen Aarbechten gëtt zu Klengbetten en neit Stellwierk gebaut. D’Finanzéirung vun dëser éischter Phase gouf duerch d’Gesetz vum 19. Juni 2012 approuvéiert. Déi zweet Phase betrëfft déi intégral Réelektrifîkatioun vun der Streck. An deem Kontext gi verschidde Brécken erneieret an d’Barrière bei der Klengbettener Gare gëtt ewech geholl. Déi drëtt Phase betrëfft. déi reschtlech Aarbechten, wéi d’Erneierung vu Brécken a Quaien, souwéi deenen aneren Eisebunnsinfrastrukturen.